top of page

 

Iwwert eis

Comité vun der Amicale Péiténger Senioren

Eisen neie Comité gouf op eiser Assemblée Générale

vum 28/04/2024 gewielt

Geschlossen als gesamte Comité mat all Member dee présent op eiser AG (02.04.2023) war, hu mir décidéiert d'Madame Charlotte FILBIG-DIDIER als eis Éire-Präsidentin ze wielen, an dës Propose gouf unanime ugeholl. Aus gesondheetleche Grënn huet sie décidéiert, hiere Posten opzegin.

 

 

De gesamte Comité an all Member seet eiser Éire-Präsidentin e grousse Merci fir déi lescht 10 Joër déi sie mat voller Freed fir d'Amicale Péiténger Seniore geleet huet. Sie haat proposéiert den deemoolege Vize-Präsident Alvaro PICA als Präsident ze wielen, waat och unanime ugeholl gouf. 

 

Den 14/09/2023 koum et dunn aus perséinleche Grënn vum Alvaro PICA zu engem neie Changement, an mir hun eng Réunion de Comité extra-ordinaire aberuff fir direkt en neien Comité ze wielen, deen wéi uewen ugeschriwwen, am Dezember 2023 op eiser Krëschtfeier annoncéiert an op eiser Assemblée Générale vum 28/04/2024 unanime gewielt gouf.  

bottom of page